Rubrik: Stock
D'Bourse vu Lëtzebuerg
16/10/2009, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share

D'Bourse vu Lëtzebuerg (www.bourse.lu) ass de wichtegsten Zenter an Europa fir d'Oplëschte vun internationale Wäertpabeieren. Den Ament si ronn 46.000 Wäertpabeieren opgezielt, dorënner eng 31.000 Obligatiounen, déi sech op 3500 Émetteuren an 105 Länner weltwäit baséieren. Dëst entsprécht méi wéi 40 % vu sämtlechen opgezielten internationalen Obligatiounen um EU-Marché. Investmentfongen stellen en anert wichtegt Segment duer, mat méi wéi 7500 verschiddenen opgezielten Instrumenter an ass donieft och aktiv an der Opzielung vun “Global Depositary Receipts” (GDR) presentéiert vu Firmen op engem opstriewende Marché.

D'Bourse vu Lëtzebuerg bedreift zwee Marchéen: den Éischten ass e geregelten EU-Marché an den Zweeten ass een op Échange geregelte Marché mam Numm Euro MTF.

Zanter 2006 besteet e Partenariatsofkommen mat der NYSE Euronext. An dësem Ofkomme si sämtlech Wäertpabeieren vun der Bourse zu Lëtzebuerg opgezielt, déi bei der UTP Plattform vum NYSE Euronext échangéiert ginn. E weideren Aspekt vum Partenariat betrëfft d'Créatioun vu Luxnet (www.luxnet.lu). Hiert d'Zil ass e gemeinsame Standard fir d'Notéieren an den Handel vu Firmenobligatiounen.

D'Bourse vu Lëtzebuerg bedreift och eng eegen Duechtergesellschaft mam Numm Finesti (www.finesti.lu), déi sech op d'Erfaasse, d'Verwalten a d'Weiderleede vun Investmentfongdaten an Dokumenter konzentréiert.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Claudio Dos Santos Aguiar ass vermësst
weider liesen»
Kluge vum FC Nürnberg wiesselt zu Schalke
weider liesen»
Neien Drock op d'Bankgeheimnis
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
0°C
Dënschden
-1°C
Mëttwoch
-3°C
Donneschden