Rubrik: Sport
11/03/2010, vun Sandy Schmit
De Wee an d'Véirelsfinale an d'Champions League bleift fir Real Madrid och weiderhi verspäert. D'Superstars aus Madrid hu sech e Mëttwoch misse mat engem 1:1 zefridde ginn, net genuch fir weider ze kommen.
weider liesen»
10/03/2010, vun Sandy Schmit
Den Arjen Robben huet Bayern München mat engem Draamgoal virun engem fréizäitege Ko an der Champions League gerett.
weider liesen»
05/03/2010, vun Sandy Schmit
Nodeems bekannt ginn ass, dass de russesche Chauffer Witali Petrow fir Renault soll hannert d'Steier, gëtt den Autosproduzent Lada Sponsor beim lëtzebuerger Formel 1-Team.
weider liesen»
03/03/2010, vun Sandy Schmit
99 Deeg virum WM-Start, spillt Argentinien bei engem Frëndschaftsspill, e wichtegen Testmatch géint déi däitsch Fussball-Nationaléquipe. Fir verschidde jonk Spiller ass et déi Geleeënheet, sech fir Südafrika ze recommandéieren.
weider liesen»
02/03/2010, vun Sandy Schmit
No enger wochelaanger Knéiverletzung, kann de lëtzebuerge Vëlosprofi Andy Schleck e Mëttwoch säi Saisonstart beim Giro del Fruili, enger Dagescourse an der Toskana, feieren.
weider liesen»
25/02/2010, vun Sandy Schmit
Den Ailton ass bei sengem éischten Optrëtt beim Sechsligist KFC Uerdingen ouni Goal bliwwen. Beim 1:1 géint den Wuppertaler SV II ass de Brasilianer an der 62. Minutt gewiesselt ginn.
weider liesen»
24/02/2010, vun Sandy Schmit / AFP
Den Aussesäiter VfB Stuttgart huet géint den FC Barcelona eng Iwwerraschung verpasst a steet no engem 1:1 an der Champions League virum Aus.
weider liesen»
22/02/2010, vun Sandy Schmit
D'Biathletin Magdalena Neuner huet fënnef Deeg no sengem Triumph am 10-km-Juegdparcours, och den 12,5-km-Massestartparcours gewonnen an domat Gold bei de Wanterspiller vu Vancouver geholl. Gold ass awer och un de Bobfuerer Andre Lange gaang.
weider liesen»
19/02/2010, vun Sandy Schmit
No dem Desaster bei der Descente huet sech d'Maria Riesch zum Schluss awer nach an der Kombinatioun Gold geholl. Scheinbar huet hatt e Patzer gebraucht, fir dann an Héichform géint seng Rivalin Lindsey Vonn ze punkten.
weider liesen»
19/02/2010, vun Sandy Schmit
Den FC Bayern München muss am Bundesligaspill géint Nürnberg op de Franck Ribéry verzichten, hien hat sech nämlech bei engem Match vun der Champions League blesséiert.
weider liesen»
Meteo
6°CSonnden
5°CMéinden
5°CDënschden













News352 op facebook




