Rubrik: Groussregioun
Scho fir déi sechste Kéier organiséiert d'City-Initiative Trier e.V. vum 12. bis den 14. Mäerz 2010 en Ouschtermaart op hirem verkafsoppene Sonnden. Den Ouschtermaart, dee mëttlerweil net nëmme vun den Awunner zu Tréier, ma och vu ville Lëtzbuerger staark besicht ass, soll traditiounsbewosst d'Fréijoer annoncéieren. Donieft ass dëst och den Optakt fir den éischte verkafsoppenen Sonnden. Wien also den 14. Mäerz, fir en entspaanten Akafstour op Tréier wëll bummele goen, kritt dës Geleeënheet um éischten oppenen Sonnden vun 13.00 bis 18.00 Auer.
Iwwer en Zäitraum vun dräi Deeg, jeeweils vun 10.00 bis 19.00 Auer, kann een deemno, op der Haaptmaartplaz eng Heede Wull un Offere fir déi ganz Famill. Nieft den ausgewielte Stänn mat Ouschterproduiten, Dekoratiounsartikelen a Blummen, kann ee sech och op handwierklech Handaarbechte freeën.
Natierlech ass och fir den Honger gesuergt. Fréijoers- an Ouschterspezialitéiten, wéi zum Beispill eng speziell kreéiert Ouschtergrillwurscht, frëscht Uebst a Geméiss, Wäiner aus der Regioun, Likören a Branntewäin, invitéieren op e klengen Tour op Tréier.
An och dëst Joer bidden verschidden Standbedreiwer erëm fir déi eng oder aner flott Animatioun, wéi bastele mat Hee, Molaktiounen a nach vill aner Spillaktivitéite fir, a mat de Kanner. An och dat beschtbekannten Kannerkarussel steet wéi all Joer op senger Plaz. D'City-Initiative informéiert op hirem Stand iwwer d'Aktivitéite vum Joer, organiséiert en interessante Concours an iwwerrascht seng Visiteure mat klengen Opmierksamkeeten.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




