Rubrik: Lëtzebuerg
E neie System an den haaptstädteschen Busse soll fir e bessere Service beim Client an e besseren Oflaf am Busvekéier suergen. De Stader Buergermeeschter Paul Helminger huet déi nei Technik mam Numm “Intermodal Transport Control System” (ITCS) en Donneschden presentéiert. “Den ëffentlechen Transport soll sou méi attraktiv ginn, vun deem virun allem d'Passagéier profitéiere wäerten”, sou de Paul Helminger a senger Erklärung.
An Zukunft wäerten d'Passagéier mat Hëllef vun engem Écran driwwer informéiert ginn, wéini de nächste Bus, jee no Buslinn, beim Busarrêt erëm fortfiert an a wéivill Minutte Fuerzäit et nach bis zum gewënschten Zil sinn. En digitale System ermëttelt déi jeeweileg Bus-Départen, fir eventuell Verspéidunge kënnen am viraus ze rechnen an eng Déviatioun plangen ze kënnen.
D'Installatioun vum neie System ass an dräi Etappen agedeelt. An enger éischter Phase ass den analoge Funksystem duerch en digitalt ausgetosch ginn. An der zweeter Phase, déi kuerz virun hirem Ofschloss steet, sinn an 200 AVL-Bussen Bordcomputeren an Écranen installéiert ginn an eng Leedzenrtral zu Hollerech ageriicht ginn.
De Käschtepunkt vun der kompletter Installatioun vum ITCS-System läit bei ronn fënnef Milliounen Euro.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




