Rubrik: Welt
Obama spent Nobelpräis-Suen un Hëllefsorganisatiounen
12/03/2010, vum Sandy Schmit / AFP
Bookmark and Share
Véier Méint no senger Éierung mam Friddensnobelpräis huet den US-President Barack Obama d'Präisgeld an der Héicht vun 1,4 Milliounen Dollar, wéi ugekënnegt u verschidden Hëllefsorganisatioune gespent.

Véier Méint no senger Éierung mam Friddensnobelpräis huet den US-President Barack Obama d'Präisgeld an der Héicht vun 1,4 Milliounen Dollar, wéi ugekënnegt u verschidden Hëllefsorganisatioune gespent.

Mat 250.000 Dollar wier den héchste Betrag un d'US-Netregierungsorganisatioun (NGO) “Fisher House” gaang, déi Famillje bei sech ophuelen, wou Familljememberen an engem Militärspidol behandelt ginn. 200.000 Dollar kommen a Stëftunge fir Äerdbiewenaffer zu Haiti, déi vum Obama senge Virgänger George W. Bush a Bill Clinton ageriicht gi waren.

Jeeweils 125.000 Dollar ginn u sechs verschidden Hëllefsorganisatiounen, déi an den USA Kanner vu Mannerheeten eng besser Schoulbildung hëllefen. Zwou weider NGO'en gi mat all kéiers 100.000 Dollar beduecht, d'Organisatioun Africare, déi humanitär Projeten an Afrika südlech vun der Sahara ënnerstëtzt an déi Zweet ass Central Asia Institute, dat an Afghanistan a Pakistan géint den Analphabetismus kämpft.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Kee Spritt méi a Griicheland
weider liesen»
15 Milliarde Finanzhëllef fir Ukraine
weider liesen»
Millioune Mënschen a China ouni Drénkwaasser
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden