Rubrik: Lëtzebuerg
Kee gutt Wuert beim geplangte Bau vum Stade zu Léiweng, huet de städtesche Schäfferot e Mëttwoch beim City Breakfast gelooss. De geplangte Projet vun engem grousse nationale Fussballstadion gëtt vun hinne méi wéi skeptesch an uecht geholl.
Den Haaptkritikpunkt läit hei bei de virgesinnen 75.000 Quadratmeter groussen Akafszenter integréiert am Stade zu Léiweng. Als Grond sinn d'ëffentlech Gelder genannt ginn, déi zu Notze vun engem Privatinvestisseur, agesat ginn.
Infrastrukturerneierunge wieren duerno dann och net net ze vermeiden, allerdéngs géif dës haaptsächlech deene Leit ze Gutt kommen, déi en Akafszenter opriichten. De Schäffe François Bausch huet de Virworf geäussert, dass de Stade als Virwand benotzt gëtt, e Wirtschaftsprojet op d'Been ze stellen. Donieft géif den Eenzelhandel an der Stad als Éischten ënnert dësem wirtschaftleche Projet leiden.
De Stader Buergermeeschter Paul Helminger huet betount, dass ee grondsätzlech fir de Bau vun engem Stade zu Léiweng ass, dëst awer nach laang net fir d'Iddi Akafszenter gelt.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




