Rubrik: Lëtzebuerg
D'Messagerie Paul Kraus (MPK) huet en Donneschden annoncéiert, dass bei hinnen, wéinst enger Ëmstrukuratioun vun der Gesellschaft, sollen 35 Aarbechtsplaze gestrach ginn. MPK wëll mat ronn 2 Milliounen Euro an eng Moderniséierung vun hirer Produktioun investéieren, dëst wier dann och de Grond vum Plazenofbau.
Déi Schwäizer Valora-Grupp, déi de gréissten Undeel vun der lëtzebuerger Messagerie Paul Kraus besëtzt, huet Medieberichter no, d'Entloossung vun 35 MPK-Mataarbechter gefuerdert. Sou soll hir Duechtergesellschaft méi effizient ginn, bei der lëtzebuerger Firma waren an der lescht ëmmer erëm schlecht Nouvellen a Saache Plazenofbau ugekënnegt ginn.
Dem OGBL no, sollen deemno vun den aktuell 120 Aarbechtsplazen eng 35 Plazen ewechfalen. D'Zil vun der Schwäizer Valora wier et, den Aarbechtsoflaf bannent der Firma ze standardiséieren, fir sou verschidden Deeler vun hirer Distributioun méi séier a méi präzis ze gestalten.
De Plaze sollen am administrative Beräich an an der Handaarbecht ofgebaut ginn, an anere Wierder an der Verwaltung an an der Distributioun. D'Kiosken an d'Bicherbutteker (Messagerie du Livre) wieren vun der Moossnam net betraff.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




