Rubrik: Lëtzebuerg
Zu Wolz ass an der Nuecht op e Mëttwoch e Feier an engem Eefamilljenhaus ausgebrach. Wéi d'Police matgedeelt huet, huet et géint 02.00 Auer ugefaang mat Brennen am Haus an der Route de Winseler. D'Eltere mat hire sechs mannerjärege Kanner hunn d'Feier awer séier genuch bemierkt, fir sech rechtzäiteg a Sécherheet ze bréngen a fréi genuch d'Pompjeeën ze ruffen.
D'Pompjeesleit haten de Brand relativ séier ënner Kontroll. D'Ursaach fir d'Feier ass aller Wahrscheinlechkeet no, en iwwerhëtzte Kamäin. De Pont et Chaussée huet dann och missen an den Asaz, a Salz op d'Strooss streeën, fir der Glatäisgefor duerch d'Läschwaasser bei äisegen Temperaturen aus de Féiss ze goen.
Direkt e puer Läschween vun de Pompjeeën an der Ëmgéigend an och Ambulanze waren op der Plaz am Asaz, ma et sollt kengem e Leed geschéien. Et ass beim Materialschued bliwwen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




