Rubrik: Lëtzebuerg
De lëtzebuerger Flughafen huet am Joer 2009 en däitleche Minus bei senge Passagéierzuele missen a Kaf huelen. Dëst geet aus dem aktuelle Bilan vu Lux-Airport ervir. Wéi d'Flughafengesellschaft e Méinde matgedeelt huet, wieren d'Passagéierzuelen am vergaangene Joer, an an anere Wierder, am Krisejoer, ëm 9 % erofgaang.
An awer huet ech de Findel am vergaangene Joer besser wéi munch aneren europäesche Flughafen aus der Affaire gezunn. “D'Passagéierzuele sinn der Entwécklung op anere Flughäfen eben einfach nogaang”, sou de Fernand Brisbois, Generaldirekter vu Lux-Airport. Ronn 1,55 Millioune Mënsche sinn, dem Communiqué no, 2009 vum Findel aus gestart oder gelant. Ee Joer virdru waren et der nach ronn 1,7 Milliounen.
An dësem Joer soll d'Flugoffer um lëtzebuerger Findel awer och nach weider ausgebaut ginn. Déi däitsch Fluggesellschaft Hahn Air kënnt zum Beispill nach dobäi, a no engem Joer Abstinenz bitt d'Chartergesellschaft Hamburg International erëm Flich fir Privatclienten un. Donieft kommen awer och nach d'Gesellschafte Sunflex a Pegasus dobäi, déi ënner anerem och Flich fir d'Reesgesellschaft Thomas Cook ubidden.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




