Rubrik: Lëtzebuerg
Fakten um internationalen Dag vun der Fra
08/03/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
D'Fakte sinn do, an dëst um internationalen Dag vun der Fra. D'Frae sinn och haut an der moderner Zäit nach ënnerdréckt, d'Zuele beleeën et.

D'Fakte sinn do, an dëst um internationalen Dag vun der Fra. D'Frae sinn och haut an der moderner Zäit nach ënnerdréckt, d'Zuele beleeën et. Zu Lëtzebuerg si weiderhin d'Fraen an der Politik absolut an der Ënnerzuel, mat 12 weiblech vun insgesamt 60 Deputéiert a verdéngen och ronn 15 % manner wéi hir männlech Kollegen. Donieft si Fraen nach ëmmer an oft Affer vu Gewalt am Stod, ëmmerhi sinn 87 % vun dësen Affer weiblech.

Wéi all Joer bitt den internationalen Dag vun der Fra d'Méiglechkeet, d'Situatioun vun der Fra vun haut, oder ganz oft zu Onrecht och “dat schwaacht Geschlecht” genannt,  richteg ze bewäerten. Et besti nämlech och an der moderner Zäit vu Gläichberechtegung, nach onverännert Mentalitéit. Och wann et de zu Lëtzebuerg nach net all ze schlëmm ass, bleift an deem Beräich awer nach vill ze maachen.

Am Bezuch op d'Aarbechtsplaz zum Beispill, ass de Beschäftegungstaux vun de Fraen zu Lëtzebuerg bei 55 % an domat och leider däitlech ënnert dem EU-Duerchschnëtt. E Chiffer deen ze bedenke gëtt, méi schlëmm ass awer de Fait, dass ganzer 91 % vu de Fraen nëmmen e Contrat a mi-temps ënnerschriwwen hunn.

Op politeschen Niveau, sinn dann och nëmmen 12 weiblech Deputéiert zu enger Gesamtzuel vun 60 Deputéiert an der Chamber beschäftegt. An dësem Fall schwätzt ee nach net emol vu Fraen, déi vun der Regierung engagéiert sinn, do ginn et nämlech just 4 Frae mat engem Ministerposten. Souguer op lokalem Niveau sinn d'Fraen an der Ënnerzuel, ëmmerhi ginn et op 116 Buergermeeschter am Land, och nëmmen 12 weiblech Buergermeeschter.

Wat awer nach méi schlëmm ass, wéi déi weiblech Ënnerbesetzung an der Beruffswelt, ass d'Gewalt am Stod. D'Gewalt géint Fraen huet sech nämlech an de vergaangenen zwee Joer erhéicht. Der Police no, ass et an 87 % vun de Fäll d'Fra, déi ënnert der psychescher, wéi och physescher Gewalt vun hirem Mann oder Partner leide muss. Am Verglach, am Joer 2007 huet d'Police an sou Fäll ronn 200 Mol an den Asaz, am vergaangene Joer sinn d'Beamte ganzer 572 Mol bei Gewalt am Stod géint eng Fra geruff ginn.

Berouegend ass dann awer, dass d'Gesetz aus em Joer 2003, dat beseet, dass e Partner fir ronn 10 Deeg aus dem gemeinsamen Haus verbannt gëtt, soll nach an dësem Summer reforméiert ginn.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Automobilisten am Viséier
weider liesen»
68-jäEreg Fra stierft bei Feier zu Iwwersiren
weider liesen»
En ass endlech do - den iPhone 4
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden