Rubrik: Kultur / Fräizäit
E Mëttwoch war et sou wäit, d'Gëlle Fra ass vun hirem Sockel geholl ginn an ass prett gemaach ginn, fir op hir grouss Rees op Shanghai. Moies, géint 09.45 Auer war alles souwäit ugeguert an ugestréckt, sou dass d'Monument du Souvenir kuerz Zäit drop vun hirem 21 Meter héije Sockel op der Place de la Constitution erofgehoff ze ginn.
Nodeems eis gëlle Madame eng kleng Verjéngungskur, an anere Wierder eng Restauratioun an enger Fonderie bei Stroossbuerg, duerchlieft huet, soll si prett si fir hir grouss Rees op déi chinesesch Weltausstellung. Do soll déi gëlle Skulptur an de lëtzebuerger Pavillon opgestallt ginn, als Symbol fir de Fridden.
D'Plënneraktioun hat, trotz dem Fait, dass d'Lëtzebuerger éischter gemëschte Gefiller haten, hiert d'Friddensmonument zéien ze loossen, vill virwëtzeg Spectateuren ugezunn. An enger ëm Fro vun TNS-Ilres war nämlech rauskomm, dass ronn d'Halschent vun de Befroten géint d'China-Rees vun der Gëlle Fra war. De Robert Goebbels konnt awer berouegen an huet erkläert, dass sämtlech Käschten inklusiv d'Restauratioun vun de chinesesche Sponsore vun der Weltausstellung finanzéiert ginn.
Foto: © Steve Eastwood / NML
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden







News352 op facebook




