Rubrik: Sport
99 Deeg virum WM-Start, spillt Argentinien bei engem Frëndschaftsspill, e wichtegen Testmatch géint déi däitsch Fussball-Nationaléquipe. Fir verschidde jonk Spiller ass et déi Geleeënheet, sech fir Südafrika ze recommandéieren. Fir de Bundestrainer Löw ass et donieft och eng Geleeënheet wichteg Erkenntnesser am Bezuch op säin 23-käppege WM-Kader ze sammelen.
“Mir huelen dëse Match immens eescht. Fir d'Stëmmung an d'Virfreed op déi kommend WM ass et wichteg, dass mir e gutt Spill maachen”, sou de Löw zu München mam Hannergedanken op den 1:4 an Italien viru véier Joer. Deemools hat de leschten Testmatch virun der WM fir hefteg Diskussioune gesuergt an de Projet Klinsmann a Gefor bruecht. Dass sech d'Geschicht géint d'Maradona-Team widderhëlt, gleeft de Löw awer net: “Mir si net sou naiv, wéi deemools”.
Allerdéngs warnen och verschidde Spiller, dräi Méint virun der WM, virun engem Réckschlag. “Sou Diskussioune wëlle mir eis virun dësem groussen Turnéier erspueren. Mir wëllen e gudde Match spillen, fir dass endlech Rou ass”, betount de Philipp Lahm. Och de Kapitän Michael Ballack ënnersträicht d'Bedeitung a schwätzt vun engem sportlechen Héichpunkt.
Fri verschidde Spiller ass et déi lescht Méiglechkeet, sech fir de WM-Kader, deen Uganks Mee nominéiert gëtt, ze beweisen. Gutt Chancen hunn op alle Fall déi zwee jonk Talenter Thomas Müller an Toni Kroos. De Ballack traut dem Müller an dem Kroos e grousse Sprong zou. “Si hunn an der lescht gutt gespillt a si hu verdéngt dobäi ze sinn”, sou de Kapitän.
De Maradona weist duerchaus Respekt virun der däitscher Équipe. “Déi Däitsch kämpfen ëmmer bis op déi lescht Minutt”, sou den exzentresche Weltmeeschter vun 1986. Hien hat beim éischten Training zu München nach fir Opreegung gesuergt, wéi hie mat enger Zigar am Mond dem Goalkeep-Trainer nogelaf war.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




