Rubrik: Kultur / Fräizäit
De Groussdeel vun de Lëtzebuerger sinn, laut enger neier TNS-Ilres-Ëmfro, géint d'Rees vun der Gëlle Fra op d'Weltausstellung zu Shanghai. Deemno sinn déi meescht Lëtzebuerger dogéint, hiert nationalt Fräiheetsmonument a China reesen ze loossen. TNS-Ilres hat an deem Kontext nämlech eng Ëmfro bei 500 lëtzebuerger Awunner duerchgefouert.
Nëmmen 39 % vun de Befrote sinn, laut der Ëmfro, fir e Verschécke vum Stader Monument op Shanghai. Ganzer 47 % wëllen awer, dass d'lëtzebuerger Symbol fir Fräiheet an dem Widderstand vum Vollek an de Krichsjoeren op sengem Sockel op der Place de la Constition bleift.
Als Grond fir de Refus gi virun allem ze héich Käschten an de Risk vun enger eventueller Beschiedegung op der Rees genannt. Déi meescht Befrote sinn dann och ganz einfach der Meenung, dass hiert nationalt Wuerzeechen säin Heemechtsland net verloosse soll. Déi wéineg Leit, déi fir d'China-Rees sinn op Shanghai sinn, gesinn de Grand-Duché duerch d'Präsenz vun der Gëlle Fra op der chinesescher Weltausstellung optimal vertrueden.
Lëtzebuerg presentéiert sech an dësem Joer vum 1. Mee bis den 31. Oktober op der Weltausstellung zu Shanghai an d'Gëlle Fra soll virum néng Milliounen Euro deiere Pavillon placéiert ginn. Virun der Rees soll eng speziell Form gegoss ginn, fir sou d'Sécherheet vun der wäertvoller Statue op der Rees ze garantéieren. Sämtlech Käschte fir d'Rees, sou wéi d'Assurance a Form gi vu Sponsoren iwwerholl.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




