Rubrik: Aarbecht / Suen
Ruge fir Lëtzebuerg a Saache Geldwäscherei
23/02/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
De Groupe d'Action Financière, eng tëschestaatlech Organisatioun fir d'Bekämpfe vu Geldwäscherei an Terrorismusfinanzéierung, kritiséiert Lëtzebuerg an hirem nei publizéierten Evaluatiounsbericht.

De Groupe d'Action Financière (Gafi), eng tëschestaatlech Organisatioun fir d'Bekämpfe vu Geldwäscherei an Terrorismusfinanzéierung, kritiséiert Lëtzebuerg an hirem nei publizéierten Evaluatiounsbericht. An den Ae vun de Gafi ass de Staat Lëtzebuerg net effizient genuch wann et drëm geet géint d'Geldwäsch an den Terrorismus a Saache Finanze geet.

Zum Beispill sinn d'Strofen am Grand-Duché, dem Bericht no, net héich a sec genuch. Donieft ass en anere Kritikpunkt och, déi mannerwäerteg Moossnamen, déi vun der Administration fiduciaire ergraff gi sinn. Ma och d'Iwwerwaachung vun de Beruffer baussent dem Finanzsecteur, sinn der Gafi en Dar am An, a misste verstäerkt ginn.

D'lëtzebuerger Regierung wëll dës natierlech net op sech setze loossen an huet an engem Communiqué ugekënnegt, d'Kritike vun der Gafi am Detail ze analyséieren. De Finanz- a Justizministère huet donieft och annoncéiert duerch dës Analysen, de lëtzebuerger System nach méi effizient ze maachen. Gläichzäiteg weisen d'Ministèren drop hin, dass d'Regierung am Virfeld schonn enk mat der Gafi zesummegeschafft hätt, an  och schon gemeinsam Accorden ënnerschriwwe gi wieren.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Eurostat: Hausse bei der Deierecht
weider liesen»
Kënnegunge bei Luxe.Tv
weider liesen»
Onfair Gesondheetsreform fir Lëtzebuerg?
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden