Rubrik: Sport
Lange a Neuner gewanne Gold zu Vancouver
22/02/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
D'Biathletin Magdalena Neuner huet fënnef Deeg no sengem Triumph am 10-km-Juegdparcours, och den 12,5-km-Massestartparcours gewonnen an domat Gold bei de Wanterspiller vu Vancouver geholl. Gold ass awer och un de Bobfuerer Andre Lange gaang.

D'Biathletin Magdalena Neuner huet fënnef Deeg no sengem Triumph am 10-km-Juegdparcours, och den 12,5-km-Massestartparcours gewonnen an domat Gold bei de Wanterspiller vu Vancouver geholl. Gold ass awer och un de Bobfuerer Andre Lange gaang. Hien hat un der Säit vum Kevin Kuske déi Däitsch Florschütz/Adjei hannert sech gelooss.

Déi sechsfach Weltmeeschterin Neuner konnt, trotz zwee Feeler beim Schéissstand, mat 5,5 Sekonne Virsprong virun der Russin Olga Saizewa. Bronz hat sech, mat 7,3 Sekonne Réckstand, d'Simone Hauswald vu Gosheim geséchert. Néngt ass d'Andrea Henkel aus Großbreitenbach ginn. Domat huet d'Magdalena Neuner déi insgesamt, fënneft Goldmedail fir déi däitsch Olympiaéquipe zu Vancouver.

Den Tobuas Angerer huet mat Sëlwer am 30-km-Juegdrennen vu Whistler, déi éischt Olympiamedail fir déi däitsch Ski-Langleefer. De Bayer ass 2,1 Sekonnen hannert dem Marcus Hellner an d'Zil komm, dee Gold fir d'Schweden gewonnen huet. 

Den Andre Lange huet iwwerdeems am Whistler Sliding Center olypmesch Geschicht geschriwwen. Den aachtfache Welt- an Europameeschter ass als éischte Bobfuerer, eng véierte Kéier Olympia-Vainqueur ginn. De Lange huet sech no véier Leef, mat engem Virsprong vun 22 Honnertstelsekonne virum Thomas Florschütz duerchgesat, dee fir déi éischt Duebelvictoire bei den däitsche Bobfuerer zanter 1984 gesuergt huet. Bronz ass un de Russ Alexander Subkow gaang.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Andy Schleck: Nummer 1 zu Lëtzebuerg (mat Video)
weider liesen»
Argentinesche Nationaltrainer Maradona entlooss
weider liesen»
Succès fir den Andy Schleck op der Kinneksetapp
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden