Rubrik: Sport
Olympia-Gold fir Maria Riesch
19/02/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
No dem Desaster bei der Descente huet sech d'Maria Riesch zum Schluss awer nach an der Kombinatioun Gold geholl. Scheinbar huet hatt e Patzer gebraucht, fir dann an Héichform géint seng Rivalin Lindsey Vonn ze punkten.

24 Stonnen no der Enttäuschung iwwert eng Plaz 8 an der Descente huet d'Slalom-Weltmeeschterin an der Alpin-Kombinatioun déi véiert Goldmedail fir déi däitsch Olympia-Équipe gewonnen. “Gold ass einfach den Hummer, ech wousst dass ech gutt drop sinn”, freet sech dat 25-Jäeregt am Zil.

Mat engem spektakuläre Slalomlaf war d'Riesch, dat virun der Descente nach op Plaz Zwee war,  sämtleche Konkurrentinnen  dervungefuer an huet déi éischt däitsch Alpin-Medail bei Olympia zanter dem Martina Ertl am Joer 2002 gewonn.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Andy Schleck: Nummer 1 zu Lëtzebuerg (mat Video)
weider liesen»
Argentinesche Nationaltrainer Maradona entlooss
weider liesen»
Succès fir den Andy Schleck op der Kinneksetapp
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden