Rubrik: Aarbecht / Suen
Eng nei Étude vun Eurostat huet festgehalen, dass Lëtzebuerg a Saache Witschaft EU-wäit op Plaz Zwee läit. Op de Kapp gerechent huet all Awunner ronn 68.500 Euro op d'Joer gekuckt erwirtschaftet. Dat ass wäit méi, wéi dat duebelt vum Duerchschnëtt sämtlecher Länner an der EU, dee bei 24.900 Euro läit. Op der éischter Plaz vun der Ranglëscht ass London mat engem PIB vun ëmgerechent 83.200 Euro.
Vun den 41 Regiounen, an deenen den PIB pro Awunner d'125%-Grenz iwwerschratt huet, leien der néng an Däitschland, jee fënnef an Holland an a Groussbritannien, véier an Éissträich, all kéiers dräi a Spuenien an Italien, zwee an der Belsch an a Finnland, jee eng an der Tschechescher Republik, Dänemark, Irland, Griicheland, Frankräich, der Slowakei, Schweden an zu Lëtzebuerg.
Allerdéngs muss een do och berécksiichtegen, dass den PIB pro Awunner a verschiddenen Regioun, zu deenen och Lëtzebuerg zielt, duerch d'Frontalieren immens beaflosst gëtt. D'Nettozuel vun de Persounen, déi all Dag an dës Regioune pendelen, erhéicht d'Produktioun op e Niveau, dee vun den usässegen Awunner alleng, net erreecht ka ginn. Dëst féiert dozou, dass den PIB pro Awunner an de Regioune scheinbar iwwerschätzt an, an de Regioune mat engem negative Pendlerniveau ënnerschätzt gëtt.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




