Rubrik: Aarbecht / Suen
De “Scudo fiscale”, déi lescht italienesch Steieramnestie, huet am Ausland verstoppte Verméigen am Wäert vun iwwer 85 Milliarden Euro zeréck an d'Land bruecht. Alleng vu Lëtzebuerg wieren, Medieberichter no, 7,3 Milliarden Euro an de vergaangene fënnef Méint an Italien zeréckgefloss. Ma och aus der Schwäiz sinn 60 Milliarden a vu Monaco 4,1 Milliarden Euro zeréckgaang.
D'Regierung vum Silvio Berlusconi hat de "Scudo fiscale" am September 2009, um Niveau vun engem Konjunkturpakt wéinst der Wirtschafts- a Finanzkris, an d'Liewe geruff, fir erëm Suen an déi knapp Staatskeess ze kréien. Zanter dem 15. September 2009 kënnen illegal am Ausland gehale Verméigenswäerter strofffräi erëm an Italien zeréckbruecht ginn a ginn sou och virun enger Strof wéinst Steier- an Devisenvergoen geschützt ginn.
Wie sech fräiwëlleg stellt, kënnt mat enger Strofsteier vun 5 % dervun, wat dem italienesche Staat zousätzlech Steierrecettë vu méi wéi véier Milliarden Euro abréngt.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




