Rubrik: Groussregioun
Een Dag nom uergen Zuchaccident zu Halle an der Géigend vu Bréissel, hunn d'Lokomotivführer a vill belsche Stied aus Protest hir Aarbecht niddergeluegt. D'Bunn-Mataarbechter wëlle mat dëser Aktioun géint déi, hirer Meenung no, schlecht Aarbechtsconditioune bei der belscher Staatsbunn SNCB protestéieren. Si sinn der Usiicht, dass dëst och d'Ursaache vum schwéieren Zuchongléck sinn.
D'Gewerkschafte vun der Bunn bekloe virun allem ze wéineg Personal, wouduerch vill Lokführer a Sécherheetsmataarbechter iwwerlaascht sinn a net genuch Schlof kréien. Beim Zuchaccident zu Halle, wou et duerch de Feeler vun engem Lokführer zu enger Frontalkollisioun komm ass, sinn 18 Mënschen ëm d'Liewe komm a ronn 160 weiderer deels uerg blesséiert gi sinn.
Als méigleche Grond fir den Accident gëtt scheinbar mënschlecht Versoe gesinn. De schëllege Lokomitvführer vun der belscher Regionalbunn hat e Stoppsignal iwwersinn an ass duerno mat engem zweeten Zuch frontal aneneegeknuppt. Wéinst dem Streik si beim fréie Beruffstrafic immens vill Zich ausgefall.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
23°CFreiden
26°CSamschden
26°CSonnden



News352 op facebook




