Rubrik: Groussregioun
Direktioun Bréissel wéinst Schnéi gespaart
10/02/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
Wéinst dem staarke Schnéi, deen den Ament an der Regioun Bréissel erofgeet, hunn déi belsch Autoritéiten déi belsch Autobunne fir Gefierer iwwer 3,5 Tonne gespaart.

Wéinst dem staarke Schnéi, deen den Ament an der Regioun Bréissel erofgeet, hunn déi belsch Autoritéiten d'Autobunne fir Gefierer iwwer 3,5 Tonne gespaart. Ab 15.30 Auer ginn deemno sämtlech Camionen ab dem Grenziwwergank Sterpenich gestoppt a gi bis op Weideres op de Parking guidéiert, fir do op der Pannespuer laanscht d'Autobunn ze stationéieren.

Wéi laang dës Moossnam sech wäert hinzéien, ass net gewosst. Automobilisten, déi um Feierowend op der Autobunn A6 wäerten ënnerwee sinn, sollte sech deemno a Richtung Belsch op Zéifloss an eventuell och Stau ariichten.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Tréier: 13-Jäeregen schléit Sans-abris hallef dout
weider liesen»
1.600 Clienten no Feier an der Tréier-Galerie evakuéiert
weider liesen»
Brutalen Iwwerfall op Geldtransporter zu Marseille
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden