Rubrik: Groussregioun
Einfache Schoulwiessel op Lëtzebuerg
10/02/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
Nordrhein-Westfalen a Lëtzebuerg wëllen e Schoulwiessel tëscht béide Länner vereinfachen, andeems d'Graduatioune géigesäiteg unerkannt gëtt.

Nordrhein-Westfalen a Lëtzebuerg wëllen e Schoulwiessel tëscht béide Länner vereinfachen, andeems d'Graduatioune géigesäiteg unerkannt ginn. An deem Kontext huet dat nordrhein-westfälescht Landeskabinett en Dënschden en Accord mat Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

“Mam géigesäitegen unerkenne vun enger Graduatioun, maache mir et de Mënsche méi liicht, vun engem Land an en anert ze plënneren a mat eiser Initiativ suerge mir dofir, dass Europa weider zesummewiisst”, sou de Schoulministère an enger Erklärung. D'Schoulleedung kann deemno an Zukunft selwer iwwert de Wiessel vu Schüler tëscht de béide Länner décidéieren. De Ministère konnt awer bis elo nach keng Zuele nennen, a wéi ville Fäll et schonn zu engem Wiessel komm wier.

En éischten, gemeinsamen Accord fir e géigesäitegt unerkenne vun de Graduatiounen, hat Nordrhein-Westfalen an déi däitschsproocheg Gemeinschaft an der Belsch am Dezember 2009 ënnerschriwwen. Weider Accorde mat der flämescher a franséischer Gemeinschaft an der Belsch an Holland sollen donieft och net laang op sech waarde loossen.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Tréier: 13-Jäeregen schléit Sans-abris hallef dout
weider liesen»
1.600 Clienten no Feier an der Tréier-Galerie evakuéiert
weider liesen»
Brutalen Iwwerfall op Geldtransporter zu Marseille
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden