Rubrique : Welt
Prisongsstrofe fir Lawinnen-Verursaacher geplangt (mat Video)
09/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
No den déidleche Lawinnenonglécker um Weekend plangt Italien elo scheinbar massiv Strofe fir liichtsënneg Wantersportler. Wien eng Lawin ausléist, dee kann an Zukunft souguer an de Prisong kommen a wien op ongesécherte Weeër fiert, muss 5000 Euro Str

No den déidleche Lawinnenonglécker um Weekend plangt Italien elo scheinbar massiv Strofe fir liichtsënneg Wantersportler. Wien eng Lawin ausléist, dee kann an Zukunft souguer an de Prisong kommen a wien op ongesécherte Weeër fiert, muss 5000 Euro Strof bezuelen.

Alleng de vergaangene Weekend sinn aacht Mënschen ënner Lawinne begruewe ginn a ronn zéng weiderer si blesséiert ginn. Ausgeléist goufen d'Lawinnen duerch onvirsiichteg Wantersportler, déi d'Warnunge vu Meteorologe mëssuecht haten an op ongesécherte Weeër nieft de Pisten ënnerwee waren.

Nom Dout vu véier Rettungsleit, bei der Sich no zwee Schnéiwanderer, déi sech net un d'Regel gehalen haten, ass dem Zivilschutzchef Guido Bertolaso de Kolli geplatzt. Hien hätt es genuch, dass seng Rettungsleit hiert d'Liewe verléieren a weider mussen op d'Spill setzen, fir verantwortungslos Ski- a Snowboardfuerer a Sécherheet ze bréngen.

Déi italienesch Regierung wëll dofir elo massiv Strofen aféieren. En entspriechende Gesetzesentworf, op Basis vum Zivilschutz, hätt den Ëmweltausschoss am Senat scho passéiert, berichten direkt e puer italienesch Zeitungen. Elo géif deemno just nach d'ofstëmmen am Plenum feelen. Iwwert d'Héicht vun der geplangter Prisongsstrof ass awer bis elo nach näischt gewosst.

An Däitschland ass e Méinden, zwee Deeg no engem Zesummestouss op enger Skipist beim Feldberg am Schwarzwald, en 28-jäerege Snowboardfuerer aus der Belsch dout opfonnt ginn. Seng Läich ass  ofgeleeënen an engem Bësch fonnt ginn, sou d'Police. De Snowboardfuerer war e Samschde mat engem 13-jäerege Meedchen zesummegeknuppt a geflücht. D'Meedchen hat nom Zesummeprall uerg Verletzungen dervugedroen. De schëllege Fuerer war scheinbar staark alkoholiséiert.

An Éissträich ass op e neitst en Däitschen duerch eng Lawin ëm d'Liewe komm. De Mann war e Sonnde beim Pitztaler Gletscher am Tirol vun enger Lawin matgerappt ginn. Hie war zesumme mat engem Kolleg nieft de markéierte Pisten ënnerwee, wéi sech eng Lawin geléist hat. Experte warnen zanter Woche schonn op ongesécherten, net markéierte Weeër ze fueren oder ze trëppelen.

 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Iwwer 240 Frae bei Massenvergewaltegunge behandelt
weider liesen»
Keng weider Uelegkatatrof am Golf vu Mexiko
weider liesen»
Neit Malaria-Medikament duerch US-Fuerscher
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden