Rubrique : Kultur / Fräizäit
Zanter 7 Joer gëtt et de "Safer Internet Day" schonn. Dëst Joer fält den Dag op den 9. Februar an d'Virbereedunge lafe schonn e puer Wochen op europäeschem an op nationalem Niveau.
Luxembourg Safer Internet (LuSI) wëll sämtleche Leit, deenen d'Sécherheet am Internet um Häerze läit, invitéiere beim Safer Internet Day 2010 aktiv matzemaachen. An dësem Joer ënnert dem Motto “Eréischt denken, da posten!” gëtt de Schwéierpunkt op den Ëmgang mat perséinlechen Daten, speziellt d'Publizéiere vu Fotoen a soziale Netzwierker (Facebook, Twitter, Myspace, Hotmail).
LuSI ass e Projet, fir e séchert Notze vum Internet an de neie Kommunikatiounstechnologien ze förderen, besonnesch duerch jonk Mënschen. Zu hirem Aktiounsfeld gehéiert d'Sensibiliséiere vun de Bierger fir d'Risiken an d'Erausfuerderunge vu neien Technologien. Si schaffen awer och mat nationalen Initiativen zesummen, déi sech mat der Sécherheetsproblematik vum Internet oder mam Schutz vu Jugendleche beschäftegen.
Ziel ass d'Etabléiere vun unerkannte Strukture fir eng gemeinsam a partnerschaftlech Zesummenaarbecht mat Jugendorganisatiounen. LuSi entwërft Materialien an organiséiert Aktivitéite fir eng Sensibiliséierung speziell de Bedierfnesser vu Kanner, Jugendlecher, Elteren a Pädagogen ugepasst. Mat Hëllef vun hirer Offer an dem Internet Safer Day soll eng gesond a verantwortungsbewosst Astellung géigeniwwer dem Notze vu neie Medien virun Ae gehalen a verënnerlecht ginn.
De Projet LuSI gëtt vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzt a representéiert de lëtzebuerger Sensibiléierungszenter vum europäesche Programm Safer Internet Plus. Dëse Programm gëtt dann och vum Netzwierk Insafe koordinéiert an zielt elo schonn 27 Länner, déi aktiv mat dësem Netzwierk zesummeschaffen. Si maache sech staark fir den Internet méi sécher ze gestalten.
Wie matmaache wëll, sief et duerch e Wokshop, Elterenowend, Gespréichsronn oder Online-Aktoun, ka sech mam Betreff "SID 2010" op contact@lusi.lu umellen. Weider Informatiounen iwwer entspriechend Aktiounen vu LuSI oder ronderëm de Safer Inter Day fënnt een och op der Internetsäit www.lusi.lu
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




