Rubrik: Lëtzebuerg
D'Police sicht den Ament no engem Déierequäler, dee ganz offensichtlech Kazen haasse muss, et ass nämlech schonn den zweete Virfall am Raum Téiteng, dass e klenge Schmusetiger ugegraff ginn ass. Wéi d'Police matdeelt, hat en onbekannten Täter e Sonndesmoies zu Téiteng mat engem Loftgewier oder eng Loftpistoul op eng Kaz geschoss.
De klenge Strummert hat Gléck am Ongléck. D'Déier huet zwar wéinst sengen uerge Verletzunge misse bei de Vétérinaire, wäert den Iwwergrëff awer iwwerliewen.
Virun zwou Wochen hat en Onbekannten am Raum Téiteng mat engem Knëppel op eng Kaz ageschloen. D'Police geet dovun aus, dass et sech ëm de selwechten Täter handelt.
D'Police freet, am Fall vum Déierequäler, dass d'Bierger aus der Ëmgéigend Téiteng eventuell Tëschefäll vun Déierequälerei direkt bei der Police ze mellen. Bei Informatiounen an Hiwäiser op den Täter soll een um 113 uruffen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CFreiden
7°CSamschden
6°CSonnden



News352 op facebook




