Rubrique : Aarbecht / Suen
Spuere vu Stannerhannzéiung zu Lëtzebuerg
08/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
D'Diskussiounen iwwert den ëmstriddene Kaf vun Date méiglecher Steiersënner heefe sech, well och Bayern huet eng Offer fir eng Steier-CD kritt. Betraff si scheinbar och däitsch Clienten op lëtzebuerger Banken.

D'Diskussiounen iwwert den ëmstriddene Kaf vun Date méiglecher Steiersënner heefe sech, well och Bayern huet eng Offer fir eng Steier-CD kritt. Betraff si scheinbar och däitsch Clienten op lëtzebuerger Banken.

No Nordrhein-Westfalen a Baden-Württemberg, huet och Bayern eng Offer fir eng Stiersënner-CD kritt. Si wieren awer nach amgaang ze iwwerpréiwen, wat un der Offer drun ass, confirméiert déi bayresch Bundeskanzlei e Sonnden.

D'Juegd no däitsche Steiersënner breet sech deemno och op Lëtzebuerg aus. Dem däitschen “Spiegel” no, sinn de Steierenquêteuren aus Bayern Date vun däitsche Clienten vun enger lëtzebuerger Bank ugebuede ginn. Scheinbar géif et sech hei em Date vun iwwer 1000 Clienten handelen, alleng am Grand-Duché. D'Staatskanzlei an de Finanzministère zu München wollte sech awer net driwwer äusseren.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Dexia muss weider ofbauen - ronn 800 musse goen
weider liesen»
EU-Eenzelhandelsëmsaz klëmmt nëmme lues
weider liesen»
Nei Schwonk fir Cargolux
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden