Rubrique : Sport
D'Mallorca-Aventure ass net vu laanger Dauer fir de lëtzebuerger Cyclist Andy Schleck, hie wäert nämlech net bei der “Mallorca Challenge” matmaachen, déi e Sonnde starte soll.
D'Mallorca-Aventure ass net vu laanger Dauer fir de lëtzebuerger Cyclist Andy Schleck, hie wäert nämlech net bei der “Mallorca Challenge” matmaachen, déi e Sonnde starte soll. Wéinst enger Tendinite um Knéi huet de jonke lëtzebuerger Vëlosprofi missen opginn an ass e Sonnden erëm op Lëtzebuerg zeréckgereest.
Péng am rietse Knéi hunn den Andy Schleck a d'Équipe vu Saxo Bank dann och éischter virsiichteg gestëmmt. Dowéinst ass de Vainqueur vun der Course Léck-Baaschtnech-Léck an den Zweete bei der Tour de France zu fënnef Deeg Rou verdonnert ginn. Den 21. Februar soll den Andy awer erëm fir genuch sinn, fir bei der Course “Ruta del Sol” un de Start ze goen.
Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Jeff Strasser: “Et gëtt schwéier den Owend”
weider liesen»
weider liesen»
Lëtzebuerg muss sech fir d'EM-Qualifikatioun beweisen
weider liesen»
weider liesen»
Mandy Minella trëfft elo op d'Venus Williams
weider liesen»
weider liesen»
Commentaires
Meteo
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




