Rubrique : Lëtzebuerg
E Méinden ass de leschten Délai nach eng gutt Affär beim Kaf vun engem neien Auto ze maachen, ma elo scho ass d'Resonanz vun de lëtzebuerger Autoshändler positiv. Vun der Kris wier an dësem Joer nëmme wéineg ze spiere gewiescht, och wann den Ufank beim éischte Verkafsweekend nëmmen verhalen gestart hätt, sou den Ernest Pirsch, President vun der lëtzebuerger Garagistevereenegung Fégarlux.
D'Verkafszuelen sinn am grousse Ganzen awer gutt ausgefall”, confirméiert den Ernest Pirsch. Grousse Succès haten dann och weiderhin méi kleng a ëmweltschounend Gefierer, sou ass d'Haaptverkafsargument dann och ëmmer nach den CO2-Wäert, d'Ëmweltprime an d'Sécherheet. Donieft géifen och Autoen mat Dieselmotor weiderhin den Autosmaart bestëmmen, och wann bensinbedriwwe Gefierer ëmmer méi ophuelen.
Dass dësen Autofestival besser ausgefall ass, läit och virun allem un de gënschtege Krediter vun de Banken an un den deels immens héijen Reductiounen vun den Hiersteller. “Méi bëlleg wéi dëst Joer wäert een wuel keen Auto méi kafe kënnen”, erkläert den Ernest Pirsch. Bleift dem Kafinteresséierten op dëser Säit also just nach unzeroden, sech haut nach op de Wee bei en Concessionnaire ze maachen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden










News352 op facebook




