Rubrik: Welt
Explosioun an US-E-Wierk (mat Video)
08/02/2010, vum Sandy Schmit / AFP
Bookmark and Share

Bei enger Explosioun an engem Elektrizitéitswierk a Bauphase am US-Bundesstaat Connecticut, sinn op mannst fënnef Mënschen ëmkomm an zwielef weiderer blesséiert ginn. D'Ongléck wier während engem Prouf un enger Gasleitung geschitt, sou de fréiere Buergermeeschter vu Middletown, Sebastien Guiliano, bei enger Pressekonferenz.

E Vertrieder bei de Pompjeeën huet uginn, et kéint nach net confirméiert ginn, wéi vill Mënschen nach ënnert den Trümmer vun der Anlag verschott gi sinn. Laang hätt och Onkloerheet iwwert d'Zuel vun den Affer geherscht. E Spriecher vum Middlesex-Spidol zu Middletown huet gesot, beim Ongléck kéinte bis zu 50 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. En Aenzeien huet bericht, no der Explosioun hätten iwwerall Mënsche geleeën. Dosende Rettungséquipen an eng 20 Ambulanze waren um Terrain vum Wierk am Asaz.

D'Explosioun ass an der Anlag “Kleen Energy” geschitt, an den Aussebezierker vun der Stad Middletown, ronn 170 Kilometer nordëstlech vu New York. D'Vibratioune ware nach ronn 15 Kilometer méi wäit ze spieren. An der Anlag sollten 620 Megawatt Stroum mat Gasturbinnen produzéiert ginn. D'Ouverture war an de kommende Woche geplangt.

 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Winnenden gedenkt den Affer vum Amoklaf (mat Video)
weider liesen»
Neie Generalstreik a Griicheland (mat Video)
weider liesen»
Mexikaner ass räichste Mann vun der Welt
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
5°C
Freiden
4°C
Samschden
5°C
Sonnden