Rubrique : Lëtzebuerg
Dräi Wochen nom uergen Äerdbiewen op Haiti, bei deem neitsten Donnéeë no 212.000 Doudesaffer gezielt gi sinn, huet déi lëtzebuergesch Hëllefsorganisatioun CARE e positiven Tëschebilan gezunn.

Dräi Wochen nom uergen Äerdbiewen op Haiti, bei deem neitsten Donnéeë no 212.000 Doudesaffer gezielt gi sinn, huet déi lëtzebuergesch Hëllefsorganisatioun CARE e positiven Tëschebilan gezunn. Mëttlerweil huet sech d'Zuel vun den Doudegen op aktuell 212.000 erhéicht a méi wéi 300.000 Mënschen hunn deels schwéier Verletzungen dervugedroen.

De Robert Schadeck, President vu CARE Luxembourg asbl, huet an engem Communiqué Merci gesot fir déi massiv Hëllef aus Lëtzebuerg: “CARE ass houfreg fir déi immens Ausmooss u Solidaritéit vun der lëtzebuerger Bevëlkerung”. Hien erkläert dann och nach eng Kéier, dass et duerch d'Zerstéierung vun der Infrastruktur op Haiti an allgemeng dem desolaten Zoustand, et net einfach ass déi betraffe Leit ze erreechen. Hie präziséiert awer, dass mëttlerweil d'Nouthëllef op Haiti ëmmer besser koordinéiert ofleeft a vun Dag zu Dag méi effizient gëtt.

Bis ewell konnt CARE knapp 40.000 Mënschen eng éischt Hëllef zoukomme loossen. “Mir hu proppert Drénkwaasser, Waasserkanisteren, Hygiène Päck, Matratzen an Decke verdeelen, donieft si mir amgaang weider Zelter ze besuergen”, sou de Robert Schadeck. 

Et wier dann och elo den Zäitpunkt komm, un en Erëmopbau vun Haiti ze denken. CARE hofft dowéinst och op weider finanziell Ënnerstëtzung aus der Bevëlkerung. Eng weider grouss Hëllefsaktioun soll an zwee Méint starten an da fänkt och déi wichtegst Iwwergankshëllef fir den Erëmopbau un. “Dëst muss awer och genuch finanzéiert ginn, och, dass d'Mënschen erëm eng Perspektive fir hiert Land gesinn”, betount den CARE-President.

CARE in Luxemburg asbl
BIC: BCEELULL        IBAN: LU85 0019 2955 6050 3000
BIC: CCPLLULL        IBAN: LU28 1111 2588 1923 0000

 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Jean-Claude Juncker: "Ech si kee Nationalist"
weider liesen»
14-Jäeregen aus CHNP Ettelbréck fortgelaf
weider liesen»
Fatalen Accident op der A6 (aktualiséiert)
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden