Rubrik: Welt
Een a Schwieregkeete gerodenen australesche Banker huet sech d'Ënnerstëtzung vum Model Miranda Kerr geséchert. Hien hat während engem Live-Fernsehinterview Erotikfotoe vum Model op sengem Computer bewonnert a soll elo seng Aarbecht verléieren. “Ech hunn héieren, et géif eng Petitioun fir d'Rettung vu menger Plaz ginn an déi wäert ech natierlech och ënnerschreiwen”, sou d'Model.
Den Employée vun der Macquarie Bank hat net gemierkt, dass säin Aarbechtskolleg der Fernseh-Chaine “Seven Network” e Live-Interview iwwer Zënssätz ginn huet. Op sengem Bildschierm sinn awer just deen Ament d'Fotoe vum Ënnerwäsch-Model Miranda Kerr ze gesinn. Dës Live-Sendung huet, mat Hëllef vun YouTube, den Tour ëm d'Welt gemaach an et ass sech konsequenterweis och gutt lëschteg gemaach ginn.
Den Employée muss awer elo ëm seng Plaz fäerten, och wann seng Fans sech um Internet ëmmer méi unheefen. Nieft der Petitioun vum Wirtschaftsportal hereisthecity.com zu London fir d'Erhale vu sengem Posten, ginn et och verschidde Facebook-Gruppen mat honnert vu Fans. Eng besonnesch markant Grupp, mam Numm “Macquarie – Don't Fire Davic Kiely” zielt elo schonn iwwer 950 Memberen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CSonnden
5°CMéinden
5°CDënschden



News352 op facebook




