Rubrique : Welt
Déidlech Lawinegefor an Éissträich (mat Video)
05/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
D'Serie vun déidleche Lawinen an Éissträich a Bayern hëlt net of. Schnéimassen hunn en Donneschden fënnef weider Mënschen ënnert sech begruewen.

D'Serie vun déidleche Lawinen an Éissträich a Bayern hëlt net of. Schnéimassen hunn en Donneschden fënnef weider Mënschen ënnert sech begruewen, dorënner och zwee Wantersportler aus Däitschland. Am Zillertal an Tirol ass eng  Fra aus Bayern op engem Trëppeltour gestuerwen, am Kleinwalsertal ass e Snowboardfuerer aus Baden-Württemberg verongléckt, sou déi éisträichesch Bergrettung. Alleng zanter dem Ufank der Woch sinn domat aacht Wantersportler bei Lawinen an den éisterräicheschen Alpen ëmkomm.

Déi am Zillertal verongléckte Fra ass vun enger Lawin iwwerrascht ginn, wéi si a Begleedung vun hirem Frënd e Biergsommet eropgeklommen ass. Hire Begleeder konnt sech e puer Stonne nom Ongléck aus de Schnéimasse fräikämpfen a mat sengem Handy ëm Hëllef ruffen. Hie konnt mat engem Helikopter gerett ginn an an e Spidol geflu ginn. Fir seng Frëndin koum all Hëllef ze spéit, si konnt nëmme nach dout gebuerge ginn.

Den Tour op den 2244 Meter héije Sonntagsköpfl, zu deem déi Zwee ënnerwee waren, gelt bei Alpinisten als net besonnesch schwéier a kaum lawinegeféierlech.

Am Kleinwalsertal zu Vorarlberg ass en 22-jäerege Snowboarder verongléckt. Hien ass 600 Meter wäit vun enger Lawin matgeschleeft ginn. Wéi d'Rettungséquipen hien endlech befreit haten, war de Snowboarder awer scho vu sech an ass kuerz Zäit méi spéit am Spidol zu Feldkirch gestuerwen. Scho Mëttwochs waren  zu Vorarlberg zwee Jugendlecher aus Bayern bei engem Lawinenongléck ëm d'Liewe komm.

An der Géigend vu Salzburg sinn zwee Snowboarder aus Éissträich enger Lawin erfaasst ginn, wéi si ofsäits vun de gesécherte Pisten ënnerwee waren. Si wieren ënnert enger nëmmen 30 Zentimeter décker Schnéischicht erstéckt, sou d'Rettungséquipe.

Zu Éissträich ass eng 29-jäereg Éisterräicherin beim Skiwanderen verongléckt. En Dënschden ass e Skilehrer zu Sant Anton verschott ginn. E briteschen Zaldot  ass an de bayreschen Alpen bei enger Lawin ëmkomm, sou de britesche Verdeedegungsministère.

Experte warnen dann och sech an de méi héije Regioune vun den Alpen opzehalen. Do ka schonn eng minimal Belaaschtung eng Lawin ausléisen.

 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Iwwer 240 Frae bei Massenvergewaltegunge behandelt
weider liesen»
Keng weider Uelegkatatrof am Golf vu Mexiko
weider liesen»
Neit Malaria-Medikament duerch US-Fuerscher
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden