Rubrique : Welt
Den ëmstriddene Kaf vun der Steier-CD mat geklaute Bankdaten aus der Schwäiz kéint dem däitsche Fiskus bis zu 400 Milliounen Euro abréngen. Dës Schätzung berout op eng Auswäertung vun, mëttlerweil eenhonnert Stéchprouwen aus der Datesammlung, sou e Bericht aus der “Süddeutsche Zeitung”.
D'Steierenquêteuren hätten dobäi festgestallt, dass vill Bankeclientë Steieren an enger immenser Héicht hannerzunn hätten. D'Date vun däitsche Steierflüchtegen stamen, den Aussoe vun direkt e puer Quelle no, aus der Bank Credit Suisse.
Intern Dossiere vun der Bank, aus dem Joer 2004, géifen deemno de Verdacht noleeën, dass méi wéi 80 % vu sämtlechen Däitschen, déi hir Sue bei enger Bank an der Schwäiz ugeluegt hunn, hir Zënsrecettë virum Fiskus verstoppen. D'Bank wollt dës Clientë vun 2004 un och nach dozou bréngen, zousätzlech Suen ze investéieren, zum Beispill an transparent Investissementer, déi dann och versteiert gi wieren. Bankberoder hätten hir Clientë mat de Sätz gelackelt: “Mir kennen eis jo scho laang, vun dëser gudder Basis kann och Äert offiziellt Verméige profitéieren!”
Aus enger interner Schätzung vun der Credit Suisse geet ervir, dass bis zu 100.000 Däitscher hir Suen an der Schwäiz verstoppt hunn. Insgesamt beleeft sech dëst Verméigen op 34 Milliarde Schwäizer Franken.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




