Rubrique : Lëtzebuerg
“Sozial Noutlagen dierfen an enger héich entwéckelter Gesellschaft kee Grond fir eng Ofdreiwung sinn”, sou d'Kritik vun der lëtzebuerger Kierch géint déi geplangte Gesetzesreform zum Avortement. Den Äerzbëschof Fernand Franck huet, an enger e Mëttwoch publizéierter Erklärung, déi geplangten Aféierung esou enger sozialer Indikatioun als Viraussetzung fir eng Ofdreiwung schaarf kritiséiert.
Laut dem Gesetzesentworf soll eng Ofdreiwung an Zukunft stroffräi bleiwen, wann zum Beispill eng sozial Noutlag vun der Fra virläit. Grad an enger héich entwéckelter Gesellschaft soll dëst net als Ursaach fir e Schwangerschaftsofbroch geholl ginn, sou de Fernand Franck a sengem Schreiwen.
D'Gesetz iwwert den Avortement, aus dem Joer 1978, dat den Ament nach zu Lëtzebuerg gelt, erlaabt eng Ofdreiwung an den éischten 12 Schwangerschaftswochen nëmmen, wann eng Vergewaltegung virläit. E weidere Grond ass awer och am Fall vun engem sérieuxe gesondheetleche Problem vum Fötus oder wann déi physesch a psychesch Gesondheet vun der Mamm a Gefor ass.
Eng weider Kritik huet de lëtzebuerger Äerzbëschof awer och am Kontext vun engem verkierzten Délai tëscht Vberodung an Décisioun vun der schwangerer Fra. Dass elo nach just dräi amplaz vu siwen Deeg tëscht Berodung an Décisioun leie sollen, géif e Liewensrecht vum ongebuerene Kand immens schwächen. E Liewensrecht vun engem ongebuerene Mënsch dierft, an den Ae vum Fernand Franck, a kenger fachlecher Berodung ënnerschloe ginn.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden










News352 op facebook




