Rubrique : Lëtzebuerg
Sechs Bewunner vun Äischen verdanken enger klenger Heldin vun aacht Joer hiert Liewen. Hatt hat den 112 geruff nodeems sechs Leit duerch eng CO-Vergëftung an d'Schwächt gefall waren.
D'Pompjeeën, déi dorophin an der Rue de Waltzing zu Äischen agetraff sinn, hunn am Haus e puer Persounen opfonnt, déi duerch eng Kuelemonoxydvergëftung zesummegaang sinn. Bei dräi vun de betraffene Leit war den Zoustand éischter kritesch a sämtlech Persoune sinn direkt an d'Escher Spidol an eng speziell Drockkammer bruecht ginn.
Och an de zwee ugrenzende Nopeschhaiser ass en héije CO-Wäert gemooss ginn an d'Wunnengen hu missen evakuéiert ginn. Nodeems während gutt 30 Minutte gelëft gi war, konnten d'Bewunner awer nees an hir Haiser zeréck.
Déi genee Ursaach, wéi de Kuelemonoxyd austriede konnt, ass nach net gewosst. De Parquet huet dann och eng Enquête duerch Spezialisten ugefuerdert. Op der Plaz waren de SAMU an d'Pompjeeë vu Stengefort, sou wéi véier weider Ambulanzen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




