Rubrik: Lëtzebuerg
D'Moral vun de lëtzebuerger Wënzer steet dëser Deegs net grad zum beschten, well och si hu mat de Konsequenze vun der Wirtschafts- a Finanzkris uerg ze kämpfen. D'Vente vun de Wäiner ass dann och ëm 10 % a nëmmen engem Joer erofgaang. Ma an der Haaptsaach huet d'Nofro aus dem Ausland massiv ofgeholl, d'Exportwäiner notéiere nämlech eng Baisse vun 25 %.
De Wäinkonsum zu Lëtzebuerg huet allgemeng ech Chute missen a Kaf huelen. Am Joer 2009 si nëmmen 52,3 Liter op de Kapp konsuméiert ginn, wat praktesch dräi Liter manner sinn, wéi nach am Joer virdrun.
Op der Journée Viticole e Mëttwoch ass op e neitst betount ginn, wéi wichteg et a Krisenzäite wier, als Wënzer zesummen ze schaffen. An engem Punkt ware sech d'Wënzer awer all eens, hir Zukunft läit eendeiteg am Bio-Wäin.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CFreiden
7°CSamschden
6°CSonnden



News352 op facebook




