Rubrik: Welt
D'Zuel vun den Doudesaffer, déi nom uergen Äerdbiewen op Haiti viru gutt dräi Wochen ëm d'Liewe komm sinn, ass op méi wéi 200.000 Leit geklommen. Domat ass déi bis ewell offiziell Zuel vun 170.000 Doudegen däitlech no uewe geklommen. Eng 4000 Äerdbiewen-Affer hunn duerch d'Ongléck en Aarm oder e Been verluer.
Aus Protest géint déi nach ëmmer schwiereg Conditiounen zu Port-au-Prince sinn an der Haaptstad honnerte Leit op d'Strooss gaang. D'Démonstrateuren hu sech am Deel Pétionville versammelt an zesummen hu Si fir Liewensmëttel, Waasser, Aarbechtsplazen a Schoule fir d'Kanner protestéiert. “Déi haitianesch Regierung huet näischt fir eis gemaach, si huet eis keng Aarbecht ginn”, sou en Démonstrateur, deen zanter dem 12. Januar an engem Noutlager lieft.
En Dënschden hate sech scho ronn 50 Mënsche virum Policehaaptquartéier zu Port-au-Prince versammelt, wou den Ament d'Regierung ënner Daach komm ass. An hiren Aen huet déi haitianesch Regierung si komplett am Stach gelooss a si maachen de President Préval fir d'Versoe bei der Katastrof verantwortlech.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
5°CFreiden
4°CSamschden
5°CSonnden



News352 op facebook




