Rubrique : Lëtzebuerg
Vermeintlech Car-Jacker verhaft
04/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
Den 26.01.2010 hat eng Fra, ënner Waffegewalt, hire schwaarze Golf geklaut kritt. En Zeien hat de geklaute Won e Mëttwoch géint 13.40 Auer op engem Parking zu Mont St Martin bei der franséischer Grenz gesinn an d'Police geruff.

Den 26.01.2010 hat eng Fra, ënner Waffegewalt, hire schwaarze Golf geklaut kritt. En Zeien hat de geklaute Won e Mëttwoch géint 13.40 Auer op engem Parking zu Mont St Martin bei der franséischer Grenz gesinn an d'Police geruff.

Direkt e puer Policepatrullen an den SREC Esch sinn op d'Plaz gefuer an hu verschidde strategesch  Poste laanscht d'Haaptstroossen opgeriicht. Dës Aktioun beim Parking zu Mont St Martin sollt allerdéngs ouni Succès bleiwen, den Auto war an Tëschenzäit schonn erëm fort. Géint 15.00 Auer huet e Posten zu Bieles gemellt, dat gesichtent Gefier entdeckt ze hunn a wier a Richtung Rondpoint Rammerech ënnerwee.

Nodeems de Chauffer vum geklaute Golf d'Police sengersäits och entdeckt hat, koum et zu enger spektakulärer Poursuite. D'Täter si mat héijer Vitesse a Richtung Esch/Uelzecht geflücht, kruten ënnerwee bei hirer halsbriechereger Flucht nach e puer geparkten Autoen ze packen, ier d'Police si erëm aus den Ae verluer hat. Nëmme kuerz Zäit méi spéit ass de Auto an der Rue de l'industrie gemellt ginn. En Zeie konnt do beobachten, dass déi dräi Täter an e Café gestiermt waren an zwee vun de Verdächtege konnte spéider verhaft ginn.

Dem drëtten Täter sollt et awer nëmme kuerz geléngen, sech duerch d'Bascht ze maachen. D'Police huet den drëtten, mutmaßlechen Car-Jacker an der Géigend vun der Grenz erwëscht a verhaft. A wéi wäit déi dräi verhafte Perosunen mat der eigentlecher Dot vu Car-Jacking zu Nidderkäerjeng a Verbindung stinn, muss nach gekläert ginn, d'Ermëttlunge lafen.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Jean-Claude Juncker: "Ech si kee Nationalist"
weider liesen»
14-Jäeregen aus CHNP Ettelbréck fortgelaf
weider liesen»
Fatalen Accident op der A6 (aktualiséiert)
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden