Rubrique : Welt
EU-Datentransfer mat den USA steet op der Kipp
04/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
Zanter e Méinde gelt d'Swift-Ofkommen, dat der US-Regierung erlaabt, an de Bankdate vun europäesche Bierger no Terrorverdächtegen ze sichen. Theoretesch op mannst.

Zanter e Méinde gelt d'Swift-Ofkommen, dat der US-Regierung erlaabt, an de Bankdate vun europäesche Bierger no Terrorverdächtegen ze sichen. Theoretesch op mannst. De belsche Finanzdéngschtleeschter Swift, deen d'Date liwwere soll, refuséiert awer bis op Weideres d'Zesummenaarbecht mat europäeschen an amerikaneschen Autoritéiten. Si wéilte keng Date verschécken, soulaang et keng kloer a belaaschtbar Rechtsgrondlag gëtt, sou d'Begrënnung.

Grad dës Rechtsgrondlag schéngt den Ament awer net ze klappen, schliisslech huet d'EU-Parlament dem Ofkommen och nach net zougestëmmt. Et gesäit och ganz am Géigendeel elo duerno aus, wéi wann et och a nächster Zäit keng Ännerung an hirer Décisioun géif ginn. 

Am Parlament ass ee rosen iwwert d'Eegemächtegkeet vum EU-Rot, déi d'Ofkommen a Kraaft gesat hunn, ouni op d'Décisioun vun de Parlamentarier ze waarden. Dowéinst klammen dann och elo d'Chancen, dass d'Deputéiert de Sträit ëm Swift notzen, fir eng éischte Kéier hir, duerch de Lissabon-Vertrag gestäerkte Muecht ze weisen.

D'USA iwwerdeems, verstäerkt den Drock a Saache Swift-Ofkommen a setze sämtlech Hiewel a Bewegung, dass d'EU-Parlament dem Ofkommen awer nach zoustëmmt. De kommende Mëttwoch soll d'Parlament eng Décisioun treffen. Wahrscheinlech ass elo, dass d'Ofstëmmung entweder erëm verréckelt gëtt oder, dass den EU-Rot an d'Kommissioun dem Vertrag eng Note bäiflécken, fir dem EU-Parlament senge Bedenken nozekommen.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Iwwer 240 Frae bei Massenvergewaltegunge behandelt
weider liesen»
Keng weider Uelegkatatrof am Golf vu Mexiko
weider liesen»
Neit Malaria-Medikament duerch US-Fuerscher
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden