Rubrique : Lëtzebuerg
Nom Schnéi elo Héichwaasser?
03/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
Nodeems iwwer 530 Passagéier um Findel festsouzen an d'Automobiliste stonnelaang am Stau stoungen, verschwënnt de wäissen Teppech elo duerch de Reen. Erwaart eis nom Schnéichaos op de Stroossen, elo Aquaplaning-Gefor?

Nodeems iwwer 530 Passagéier um Findel festsouzen an d'Automobiliste stonnelaang am Stau stoungen, verschwënnt de wäissen Teppech elo duerch de Reen. Erwaart eis nom Schnéichaos op de Stroossen, elo Aquaplanning-Gefor?

Ganz kloer kann ee vum Wanter 2009/2010 vun enger Joereszäit mat villen Iwwerraschunge schwätzen. De Schnéi, dee massiv a praktesch onënnerbrach iwwer Lëtzebuerg erofkomm ass, huet sech am Laf vum Dënschdenowend a Reen verwandelt an de Schnéi huet ugefaang ze schmëlzen. Dëst wäert och net ouni Konsequenze bleiwen.

Am Laf vum Dag hunn dann och scho misse Stroosse gespaart ginn, déi deels ënner Waasser stoungen. E Mëttwoch de Moien ass den Tunnel an der Géigend vum Rangwee beim Kreesverkéier Gluck fir kuerz Zäit zougemaach ginn. D'Streck tëscht Réiser a Béiwen, dem CR158, ass fir den Ament wéinst Iwwerflutung gespaart. Den ACL warnt d'Automobilisten awer allgemeng wéinst Aquaplanig-Gefor lues ze maachen an de Fouss vum Gas ze huelen.

Lëtzebuerg muss sech deemno elo op Héichwaasser astellen. Net nëmmen duerch de ville Schnéi, dee sech elo a Schmëlzwaasser verwandelt huet, och den zousätzleche Reen wäerten dozou bäidroen, dass eis Flëss uklammen. “Mir ginn elo iwwer an eng éischt Iwwerschwemmungsphase. Dat ass awer ganz normal a geet net an d'Extremt iwwer, net zulescht well et muer soll dresche bleiwen”, confirméiert de Claude Ripp vun der Administration de la Gestion de l'eau news352.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Jean-Claude Juncker: "Ech si kee Nationalist"
weider liesen»
14-Jäeregen aus CHNP Ettelbréck fortgelaf
weider liesen»
Fatalen Accident op der A6 (aktualiséiert)
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden