Rubrik: Welt
Wéinst de Rekordscholden vu Griechenland wëll d'EU-Kommissioun eng verschäerften Iwwerwaachung vum Land duerchsetzen a wëll déi griechesch Regierung zum spueren zwéngen. De Wirtschaftskommissär Joaquin Almunia wëll iwwerdeems seng Bewäertung vum griecheschen Stabilitéitsprogramm zu Bréissel virstellen. D'Regierung zu Athen soll duerno méi sec Oplagen fir de Scholdenofbau bis 2013 kréien an d'EU-Kommissioun inklusiv den EU-Finanzminsiteren géifen de Fortschrëtt dobäi genee iwwerwaachen.
Zanter dem Akraafttriede vum Reformvertrag vu Lissabon huet d'Kommissioun d'Méiglechkeet, d'Haushalts- a Wirtschaftspolitik vun den Eurozon-Memberen ze iwwerwaachen. An engem éischte Schratt an deem Kontext, ass Athen verpflucht ginn, Mëtt Mäerz, da Mëtt Mee an duerno an engem Ofstand vun engem dräivéirel Joer iwwert hir Spuermesuren ze berichten.
Griechenland hat joerelaang falsch Defizitzuelen zu Bréissel gemellt. Déi nei sozialistesch Regierung huet spéider d'Neiverschëllen däitlech no uewe korrigéiert. Griechenland huet deemno e Scholdebierg vun 12,7 % op de PIB, erlaabt sinn der an der EU maximal nëmmen 3 %.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CSonnden
5°CMéinden
5°CDënschden



News352 op facebook




