Rubrique : Lëtzebuerg
Nëmmen een Dag ass et hier, dass news352 bericht huet, dass de Burger King sech wäert zu Féiz etabléieren. D'Wahrscheinlechkeet ass awer elo grouss, dass direkt e puer Fast-Food-Filialen zu wäerte Lëtzebuerg opmaachen.
An engem Interview mat wort.lu, huet den däitschen Entreprënner, Michael Berger, sech zu Häerze geholl de Burger King op Lëtzebuerg ze bréngen. Ëmmerhi lieft hien elo schonn op mannst dräi Joer am Grand-Duché a bedauert et, sech och grad esou laang beméit ze hunn, de Burger King hei an d'Land ze kréien. E gëeegente Bauterrain ze fanne wier an der Haaptsaach de Problem.
Definitiv wëll de de Michael Berger awer duerchsetzen, dass nieft Féiz fënnef oder sechs weider Filialë sollen op Lëtzebuerg kommen. Deementspriechend Gespréicher mat anere Gemenge vu verschiddenen Regioune wieren dann och schonn um lafen.
Et ass zwar nach e wäite Wee, ma Fans vum Burger King kënne berouegt ginn. Den éischte Fast-Food-Restaurant soll, wann alles gutt geet, Enn vum Joer seng Dieren opmaachen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




