Rubrik: Lëtzebuerg
En Dënschdenowend huet een am Feierowendtrafic vill Gedold missen opbréngen a munch Automobilist wäert de Wee fir Heem net sou séier vergiessen. Dee fir Nomëttes gekënnegte Schnéistuerm hat deemno net op sech waarde gelooss, an huet de Verkéier op eise Stroossen sou gutt wéi zum erleie bruecht. D'Automobilisten hu sech op e neitst missen op Stauen, Accidenter a laang Waardezäiten am Auto ariichten.
De lëtzebuerger Automobilsclub ACL huet alleng tëscht 13.00 an 19.00 Auer iwwer 50 Verkéierbehënnerunge wéinst Glatäis, Stroossenofspärungen oder Accidenter gemellt. A villen Deeler vum Land war en Dënschden den Ausnamezoustand ugesot. Beem sinn duerch d'Laascht vum Schnéi ëmgekippt, Camionen a Busse stounge queesch an hu nach zousätzlech fir Chaos gesuergt. En Enn vum Schéi war eréischt an de spéiden Owesstonnen an Aussiicht, do ass de Schnéi a Reen iwwergaang.
D'Police war am Dauerasaz an huet ëmmer erëm misse Stroosse spären, iwwerdeems d'Vitesse op den Autobunnen op nëmme méi 70 Stonnekilometer erofgesat ginn ass, fir sou och weider Accidenter ze vermeiden. Zu allem Iwwel, ginn et awer ëmmer erëm Chaufferen, déi sech net un d'Regelen halen, a si bei dëse katastrofale Wiederverhältnesser mat Summerpneuen ënnerwee. Bei gutt gemoossenen 30 Zentimeter Neischnéi brauch ee sech dann net ze wonneren, dass et schief ausgeet. Méi wéi 20 Accidenter ass zu Schluss de Bilan vum Schnéichaos en Dënschden. Glécklecherweis sinn, der Police no, keng Persoune blesséiert ginn an et ass beim Materialschued bliwwen.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CFreiden
7°CSamschden
6°CSonnden



News352 op facebook




