Rubrique : Welt
China géint en Treffen tëscht Obama an Dalai Lama
03/02/2010, par Sandy Schmit
Imprimer cette news Bookmark and Share
Déi chinesesch Regierung huet den US-President Obama virun engem Treffe mam Dalai Lama gewarnt.

Déi chinesesch Regierung huet den US-President Obama virun engem Treffe mam Dalai Lama gewarnt. Dëst géif an hien Aen zu enger Belaaschtung fir déi politesch Grondlage vu béide Länner féieren. En Treffe wier deemno weder vernünfteg nach vu Virdeel fir d'USA, sou de Vizeminister Zhu Weiqun.

D'USA sollten d'Vertrauen an d'Kooperatioun, am Kontext vun der Wirtschaftskris, déi dat béidsäitegt Verhältnes zu engem vun de wichtegste bilaterale Bezéiunge vun der Welt gemaach hätt, net op d'spill setzen. E Spriecher vum wäissen Haus huet en Dënschden matgedeelt, dass den Obama an den Dalai Lame sech, trotz de Bedenke vu China, wëllen treffen.

Et war elo déi zweete Warnung un d'USA bannent enger Woch, nodeems Peking géint d'US-Waffeliwwerungen un den Taiwan protestéiert haten. Et weist op e neitst d'Roserei vu China, wann et ëm Kärfroen iwwert den Taiwan oder den Tibet geet. Den Dalai Lama wier politesch Figur an hien hätt kee Recht, den Tibet oder d'Tibetaner ze vertrieden, betount den Zhu. Dat Ganze wier ng chinesesch Ugeleeënheet. Den Zhu huet dann och mat Moossname gedréit, wa sech auslännesch Muechten amëschen.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Iwwer 240 Frae bei Massenvergewaltegunge behandelt
weider liesen»
Keng weider Uelegkatatrof am Golf vu Mexiko
weider liesen»
Neit Malaria-Medikament duerch US-Fuerscher
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden