Rubrik: Welt
Bomm an australeschen Akafszenter explodéiert
03/02/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share

E Mann huet am Norde vun Australien eng selwergebastelt Bomm aus Benzin a Feierwierkskierper an engem Akafszenter gezünt. 13 Mënsche sinn dobäi blesséiert ginn an d'Gebai ass no dr Explosioun direkt evakuéiert ginn. De Verdächtegen huet sech der Police no senger Dot gestallt.

D'Explosioun huet sech géint 11.00 Auer zu Darwin ereegent. Déi blesséiert Leit sinn dann och direkt an dat nächste Spidol ageliwwert ginn. Déi meescht vun den Affer hate Schnëttverletzungen, Verbrennungen oder eng Dampvergëftung. Der Police no, ass awer keent vun den Affer schwéier verwonnt.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Winnenden gedenkt den Affer vum Amoklaf (mat Video)
weider liesen»
Neie Generalstreik a Griicheland (mat Video)
weider liesen»
Mexikaner ass räichste Mann vun der Welt
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
6°C
Donneschden
5°C
Freiden
4°C
Samschden