Rubrique : Welt
Op d'Zuchgesellschaft an der zweetgréisste russescher Stad St.Petersburg ass en Terroruschlag ausgefouert ginn. De Lokomotivführer ass dobäi uerg blesséiert ginn. “Mir musse vun engem Terroruschlag ausgoen”, sou den Ermëttler Anatoli Kwaschnin.
Op dat am meeschte befuerent Schinnenetz vum Land tëscht Moskau an St.Petersburg ware schonn 2007 an 2009 zwee uerg Uschléi op de Luxuszuch “Newski Express” ausgefouert ginn. Bei den Terrorattacken sinn am November vum vergaangene Joer 28 Mënschen ëmkomm an 90 Passagéier blesséiert ginn. Beim Attentat am August 2007 waren eng 20 Mënsche blesséiert ginn.
Bei dësem neitsten Uschlag, ass den Zuchverkéier einstweilen agestallt ginn, ronn ee Meter Schinne sinn zerstéiert ginn. De Sprengsaz hat eng Kraaft vun ongeféier 200 Gramm TNT an e Policehond huet dat eidelt Versteck vum mutmaßlechen Täter fonnt.Nieft der Police ënnersicht och de russesche Geheimdéngscht FSB de Virfall.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




