Rubrique : Groussregioun
Neie Bilan 11 Doudeger bei Gasexplosioun zu Léck (mat Video)
29/01/2010, par Sandy Schmit / AFP
Imprimer cette news Bookmark and Share
No der Gasexplosioun zu Léck an der Belsch ass d'Zuel vun Doudegen op elo eelef Affer geklommen.


No der Gasexplosioun zu Léck an der Belsch ass d'Zuel vun Doudegen op elo eelef Affer geklommen. Wéi d'Noriichtenagence, mat der Confirmatioun vun de Rettungséquipen, bericht huet, sinn zwee weider Affer doudeg aus den Trümmer gebuerge ginn. Bis Donneschdes ware scho néng Läiche fonnt ginn. E wiedere Kierper, deen aus den Trümmer gezu gi war, huet sech spéider als groussen Hond rausgestallt.

De traurege Bilan kéint awer nach klammen, sou de belschen Inneministère, nach ëmmer gi nämlech  18 Persoune vermësst. Op si zum Zäitpunkt vun der Explosioun am agestierzten Haus waren oder net, ass weiderhin onkloer. Vun op mannst 10 Leit géifen et nach ëmmer keng Nouvellë ginn, confirméiert de Buergermeeschter vu Léck.

Eng honnert Awunner si nom Ongléck an Nouthébergementer ënnerkomm. Wéi vill Mënschen nach ënnert den Trümmer leien ass net gewosst. E Mëttwoch war et de Rettungsleit gelongen, en 13-jäeregt Meedche lieweg aus den Trümmer ze befreien. Firwat et zur Explosioun komm ass, bleift awer weiderhin onkloer.

 

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Eenheetleche Präis beim Bus transfrontaliers
weider liesen»
Opgepasst akut Gefor duerch Homejacker!
weider liesen»
Tréier: 13-Jäeregen schléit Sans-abris hallef dout
weider liesen»
Commentaires
Elo connectéiert
Meteo
20°C
Samschden
20°C
Sonnden
19°C
Méinden