Rubrique : Groussregioun
Aus den Trümmer vun agestierzten Wunnhaus zu Léck an der Belsch hu Rettungséquipë mëttlerweil néng Doudeger gebuergen. Op mannst 21 Mënsche si beim Ongléck, als Suite vun enger Gasexplosioun, blesséiert ginn, sou den Inneministère.
D'Sich no weideren Affer huet, der Police no, kuerzzäiteg ausgesat ginn, well d'Gefor besteet, dass weider Gebaier kéinten astierzen. Ënnert den Trümmer vum Haus ginn awer nach bis engem Dosent Mënschen erwaart. Zwee vun den 21 Blesséierte mussen, enger Spriecherin vum Inneministère no, wéinst liewensgeféierleche Blessuren behandelt ginn.
D'Gebai war an der Nuecht op e Mëttwoch duerch eng Explosioun deelweis agestierzt, während de Biergungsaarbechten ass d'Haus da komplett zesummegefall. Fernsehbiller weisen, wéi d'Face vum fënnefstäckege Gebai hannert enger Mauer aus Stëbs zesummegebrach ass.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




