Rubrik: Lëtzebuerg
Car-Jacking beim Supermarché zu Nidderkäerjeng
27/01/2010, vum Sandy Schmit
Bookmark and Share
An de leschten dräi Joer ass et zu sechs Fäll vu Car-Jacking komm, an och e Mëttwoch ass eng Fra zum Affer vun engem gewaltsamem Autovol ginn.

An de leschten dräi Joer ass et zu sechs Fäll vu Car-Jacking komm, an och e Mëttwoch ass eng Fra zum Affer vun engem gewaltsamem Autovol ginn. En onbekannte Mann hat enger Fra um Parking beim Cactus Nidderkäerjeng eng Pistoul un de Kapp gehal.

Op franséisch huet hie säin Affer opgefuerdert, d'Autosschlësselen ze iwwerreechen, doropshin ass de Mann mam Auto, engem schwaarze VW Golf mat lëtzebuerger Plakkennummer, geflücht. D'Fra huet den Täter als schlank mat engem schmuele Gesiicht beschriwwen an ongeféier 1,80 Meter grouss.

Wat maache bei Car-Jacking?

D'Police réit bei Iwwerfäll, wou en Täter ënner Menacen a Waffegwalt den Autosschlëssel fuerdert, sech passiv ze verhalen a beschtefalls näischt ze ënnerhuelen. De Risiko, en Iwwerfall probéieren ze verhënneren, ass ze grouss a bréngt net nëmme sech selwer, ma och eventuell Familljememberen a Gefor.

An enger Uertschaft oder Groussstad, bei enger rouder Luucht, sollte sämtlech Diere vum Gefier zougespaart sinn. Nei Autoe verfüge mëttlerweil schonn iwwer eng automatesch Spär. Wann trotz alle Sécherheetsmoossnamen e Car-Jacker mat enger Pistoul, d'Erausklamme vum Auto wëll erpressen, sollt een d'Gefier ënner allen Ëmstänn verloossen. Duerno soll dann sou séier wéi méiglech d'Police um 113 informéiert ginn. Wat d'Police méi séier informéiert gëtt, deemno méi héich ass och d'Wahrscheinlechkeet, dass den Täter nach op der Flucht ka gestallt ginn.

Virsiichteg sollt een awer och sinn, falls en anert Gefier liicht an iech knuppt. De Schëllege kéint den Auto express beschiedegt hunn a nëmmen drop waarden, dass Dir aus dem Auto klammt. En zweeten Täter kéint an deem Moment den Auto klauen a fortfueren.

Aner Artikelen aus dëser Rubrik
Automobilisten am Viséier
weider liesen»
68-jäEreg Fra stierft bei Feier zu Iwwersiren
weider liesen»
En ass endlech do - den iPhone 4
weider liesen»
Commentairen
Elo connectéiert
Meteo
23°C
Freiden
26°C
Samschden
26°C
Sonnden