Rubrique : Groussregioun
Eng uerg Explosioun an engem fënnefstäckegen Appartement zu Léck an der Belsch huet op mannst 20 Blesséierter gefuerdert. Eng genee Zuel vun Affer ass bis ewell net bekannt, et gi nämlech nach ëmmer Mënschen ënnert den Trümmer vum zesummegestierzte Gebai erwaart.
D'Ongléck ass géint 01.45 Auer an der Rue Léopold am Zentrum vun der belscher Stad geschitt. Et handelt sech aller Wahrscheinlechkeet no ëm eng Gasexplosioun a béid Haiser stoungen duerno a Flamen. D'Rettungsaarbechten erweise sech als immens schwiereg, vill Leit si nach ëmmer an den Trümmer agespaart.
Aenzeien hu bericht, dass eent vun de betraffenen Appartementshaiser géint 07.00 Auer zesummegefall ass. E puer Pompjeeën hate grad an deem Moment versicht zwee Iwwerliewender aus den Tümmer ze biergen.
Onsécher ass wéi vill Affer sech den Ament vun der Explosioun an de Gebaier opgehal hunn, vill Bewunner wieren nämlech net all enregistréiert. Et gëtt mat bis zu 20 Blesséierte gerechent, zwee dovu schwiewen a Liewensgefor.
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
20°CSamschden
20°CSonnden
19°CMéinden





News352 op facebook




