Rubrik: Groussregioun
No enger déidlecher Poursuite mat der Police, hunn an der Géigend vun der ostfranséischer Stad Metz Jugendlecher ugefaang ze randaléieren. Déi Jonk hu Mëttwochsowes, no engem Protestmarche zu Woippy, e puer Autoen ugefaang an Telefonskabinnen zerstéiert, sou e Reporter vun AFP.
D'Police huet de Grupp schliisslech mat Hondsstaffelen opgeléist. Kuerz virdrun hate sech ronn zweehonnert Mënschen aus der Virstad versammelt, fir dräi jonke Männer ze gedenken, déi bei enger Poursuite an der Nuecht virdru verongléckt waren.
Déi Dräi waren, den Aussoe vum Parquet no, ouni Helm an ouni Luuchten zu Drëtt op engem geklaute Motor ënnerwee, wéi d'Police si stoppe wollt. Si si mat ze héijer Vitesse a Richtung Sens unique geflücht a sinn e puer honnert Meter an enger Kéier vun der Strooss ofkomm. En 19-jäerege Mann ass nach op der Plaz gestuerwen, seng 19, respektiv 20 Joer ale Kollege si liewensgeféierlech blesséiert ginn.
Enger déidlech Poursuite mat der Police, hat den November 2007 schonn eng Kéier zu Villiers-le-Bel bei Paräis fir nuechtelaang Protester gesuergt, bei deenen Dosende vu Poliziste blesséiert gi waren. Am Groussraum Paräis musse sech en Donneschden siwe jonk Leit viru Geriicht veräntwerten. Si haten d'Police am Mäerz 2007 an en Hannerhalt gelackelt an elo sinn d'Täter wéinst versichtem Mord ugeklot
weider liesen»
weider liesen»
weider liesen»
6°CFreiden
7°CSamschden
6°CSonnden







News352 op facebook




